Skip to main content

Rentrée pastorale 2023

Eng nei Etapp um Wee vun der Porkatechees

Ënnert dësem Thema stoung d’Rentrée pastorale dëst Joer. Ronn 110 engagéiert Mataarbechter a Mataarbechterinnen (Geeschtlech, Diakonen, Uerdensleit, Pastoralreferenten, Titularkatecheeten, Benevoller aus Katechees a Leit aus de Porsekretariater...) haten sech de 27. September 2023 op Invitatioun vum Generalvikar Patrick Muller, an Zesummenaarbecht mam Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD), um Centre Jean XXIII afonnt. Am Numm vum Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich  huet de Weibëschof Leo Wagener d’Leit begréisst a si encouragéiert, grad an engem historesche Moment vu Kierchsinn, wou d’Diere vun der Synod am gaange sinn opzegoen, un ee Prozess vun Erneierung ze gleewen, deen eist Gebiet brauch. Am Réckbléck op d’Entwécklung vun der Porkatechees zanter 2017 mam Patrick de Rond (Direkter vun der Katechees) a mam Abbé Yves Olinger (Doktorand an der Katechees, LSRS/Tübingen), gouf däitlech, datt et mëttlerweil schon eng ganz Parti Plaazen (14 Pore) gëtt, wou et keng Titularkatecheete méi do ass an d’Katechees vun de Leit aus de jeeweilege Por gedroe gëtt. 

Begriefnespastoral

Déi Doudeg begruewen – Déi Trauernd begleeden

“Déi Doudeg begruewen – Déi Trauernd begleeden”
Hierschtbegéinung vun der Begriefnespastoral de 7. Oktober 2023

Dest war d’Thema vun enger intressanter Hierschtbegéinung de 7. Oktober 2023 an der Fondatioun Arendt-Fixmer zu Medernach, wou sech Vertriederinnen a Vertrieder aus der Begriefnespastoral afonnt haten.

De spirituellen Impuls, mat Bibeltexter an enger Bildmeditatioun zu de “Wierker vun der Barmhäerzegkeet”, huet de Pater Jean-Jacques Flammang scj., Dechen am Dekanat Zentrum, gehalen. Uschléissend war dunn Zäit an engem synodale Geescht fir Froen aus der Praxis un de Generalvikar Patrick Muller, deen de Leit hiren éierenamtlechen Asaz gewierdegt huet.

Eng nächst Weiderbildung “Etappe vun der Trauer“ ass fir Samschdes de 9. Dezember geplangt. Si gëtt organiséiert vum Centre de formation diocésain Jean XXIII an Zesummenaarbecht mat ESTIMAM-Lëtzebuerg.

Weider Informatiounen heizou fann dir deemnächst e.a. um neie Site vun der diözeesaner Formatioun: www.cfd.lu