Skip to main content

1. Mäerz 2022 vun 10 bis 12 Auer

Synod a Katechees

Duerch d’Synode iwwert d‘Synodalitéit 2021-2023 wëll de Poopst Franziskus d‘Léit an der ganzer Kierch an doriwwer eraus mat op nei Weeër huelen. Erneierung ass gefrot. Fir dëse Wee zesummen unzegoen gi mir all invitéiert een op deen aneren ze lauschteren. Déi zentral Fro déi sech stellt: Wéi wënschen ech mir d’Kierch? Wat kann ech zum Wuel vun dëser Kierch bäidroen ? Wou sinn ech perséinlech gefuerdert?

Am Beräich vun der Katechees sinn d’KatechetInnen, d‘PastoralreferentInnen, d‘Diakonen an d’Paschtéier reegelméisseg am direkte Kontakt mat Kanner a Jonken.

Dëst ass eng Geleeënheet fir och si mat op de grousse synodale Wee eran ze huelen. 

Mir invitéieren iech als Akteure vun der Katechees op eng synodal Matinée. Zesumme wëlle mir ee Stéck Synod erliewen an iech de synodale Prozess méi no bréngen, mat prakteschen Tools fir d’Synod an der Katechees ze thematiséieren.

Häerzlech Invitatioun!